Foires

Journée nationale de la Santé / Nationalen Gesondheetsdag

ZithaAktiv war dëst Joer e puer mol mat engem Informatiouns-Stand op verschidde Foiren an Evenementer present, wéi z.B. op der Braderie an der Stad, um Gesondheetsdag an der City Concorde souwéi och op der Hunnefeier zu Schengen oder op verschiddene Seniorenfoiren uechter d’Land. Nieft den Offere vun ZithaAktiv, hu mir natierlech och all Informatioune vun deenen anere Servicer vun ZithaSenior mat derbäi um Stand: esou kënne mir ganzheetlech beroden a vun der Qualitéit an transparenter Zesummenaarbecht tëschent deene verschiddene Servicer profitéieren.

Ziel vun esou engem Stand ass et primär d’Leit z‘informéieren iwwer déi wichteg Theme vu Gesondheet am Alter, mat virop der Präventioun an de Beräicher Gediechtnes a Mobilitéit souwéi och allgemeng iwwer Strukturen a Servicer fir eeler Leit. Op de Stänn kënnen d’Leit an engem neutrale Kader hier Froe stellen a sech berode loossen. Mir stellen ëmmer erëm fest, dass dësen éischte Kontakt immens wichteg ass, well vill Leit Froen hunn oder sech Suergen em hier Gesondheet maachen an deelweis och net genuch informéiert sinn wat ee ka maache fir aktiv a gesond ze bleiwen an eventuelle Problemer virzebeugen. Oft ass et grad deen neutralen a souzesoe „anonymmen“ Kader vun engem Informatiounsstand deen et de Leit erliichtert fir den éischte Schratt ze maache fir iwwer bemierkbar Verännerungen ze schwätzen. An deem Sënn, ass et eis wichteg fir eng fachlech kompetent a professionell Berodung unzebidden duerch déi Leit, déi och um Terrain schaffen.

Am Kader vun der Berodung op sou engem Informatiounsstand, bidde mir a konkrete Fäll ee Bong un fir ee Gratis Checkup bei eis ze maachen, d.h. d‘Leit kënnen sech emol onverbindlech testen a berode loossen.

Myriam WIRTZ, Ergothérapeute